Eischt Kommunioun fir 11 Kanner an der Kierch zu Ëlwen

Ëlwen

11 Kanner aus der Par Ëlwen-Wäiswampich hun hir éischt Kommunioun empfaangen an der festlech gerëschter Kierch zu Ëlwen. Mat engem Cortège ugefouert van der Ëlwenter Musek an a Präsenz van de lokalen Politiker sinn d'Kommuniounskanner mat hire Familljen an d'Kierch komm. De Paschtouer Michel Meyer huet de feierléchen Gottesdéngscht zelebréiert. Hien huet d'Kommuniounskanner invitéiert de Jesus am Boot vun hirem Liewen ze huallen. D'Kanner guefen begleed während der Mass van der Pastoralreferentin van der Par EWe, Ingrid Scholzen a gesongen guef d'Mass van der Kannerchorale Adesso mam Ferdi Kreins. Um Enn krueten all Elteren Merci gesoot, déi de Kanner de Kommuniounsunterricht gehalen han.

Fotoen : Alice Enders

Text : Ingrid Scholzen