Nei Brochure vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn
Dëser Deeg hunn d'Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn hir Brochure Nr 9 erausginn. D’Themen an dëser Brochure sinn: steinzeitlech a réimesch Fondstécker, Viichten zur Zäit vum Napoleon, d’Kierch vu Schandel, d’Haus Schon vu Groussbous, de Grondbesëtz zu Méchelbuch am 19. Joerhonnert, d’Doudebréck, Erënnerunge vum Jean Staudt un de Krich zu Viichten, e Viichter Haus: a Schräinesch, Krichserënnerungen vu Mäerzeg (Victor Kips) an Useldéng (Fotoen) an Informatiounen iwwert de Veräin a seng Aktivitéiten.
Wann dir drun interesséiert sidd, dës Brochure ze kréien, dann iwwerweist w.e.gl. 12,00 € op de Compte vun de Viichter Geschichtsfrënn:
CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436
mam Vermierk: Brochure 9
Wann dir drun interesséiert sidd, dës Brochure ze kréien, dann iwwerweist w.e.gl. 12,00 € op de Compte vun de Viichter Geschichtsfrënn:
CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436
mam Vermierk: Brochure 9