Viru kuerzem war zu Viichten am Festsall eng kleng Feier. D’Membere vum Comité Grott vu Viichten haten op eng Scheck-Iwwerreechung invitéiert. Den 1. Abrëll 2011 hunn de Marcel Zieser an d’Anny Michels hir gëlden Hochzäit gefeiert. Si haten no engem Don gefrot an déi Suen, déi si erakritt hu, goufe gespend fir d’Restauratioun vun der Viichter Grott. Et waren 2 575 € . D’Anni ass zënter iwwer 40 Joer am Comité Grott an hat huet sech nach ëmmer staark engagéiert fir d’Erhalen an d’Verschéinerung vun der Grott.
D’Leit vum Comité sutzen nach e Strapp beieneen an hu mam Jubiläumspuer zesumme giess, gedronk a bis spéit an d’Nuecht era gepotert.
D’Leit vum Comité sutzen nach e Strapp beieneen an hu mam Jubiläumspuer zesumme giess, gedronk a bis spéit an d’Nuecht era gepotert.