Amicale Natzweiler: Gedenkfeier fir 7 Passeuren zu Déifferdeng

Amicale Natzweiler: Gedenkfeier fir 7 Passeuren zu Déifferdeng

Déifferdeng — An enger feierlecher an ergräifender Zeremonie huet d’Amicale Natzweiler-Struthof, zesumme mat de Gemengen Déifferdeng, Suessem a Rëmeleng, an enger grousser Zuel vun Interesséierten, deenen 7 jonke lëtzebuerger Passeure geduecht, déi den 19. Mee 1944 am Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof vun de Nazien erschoss goufen. Hir Äschen hunn zu Déifferdeng um Kierfecht hir lescht Rou fonnt.

An senger Ried huet de President vun der Amicale déi schwéier Zäit vum Zweete Weltkrich nach eemol an d’Erënnerung geruff. Den 10. Mee 1940 war Lëtzebuerg vun der däitscher Wehrmacht iwwerfall ginn, an d’Besatzer hate séier ugefaang d’Land ze germaniséieren an d’Identitéit vun de Lëtzebuerger ze zerstéieren. Besonnesch d’Zwangsrekrutéierung am August 1942 hat vill Jonker dozou gezwongen, géint hire Wëllen, an der däitscher Wehrmacht ze kämpfen.

Mee vill haten de Courage, sech ze wieren: an de Resistenzbeweegungen duerch d‘Verdeele vu Fluchblieder, duerch Sabotage — an hunn deene gehollef, déi net wollten an der Wehrmacht kämpfen. Déi 7 jonk Passeuren, un déi d’Gedenkfeier erënnert huet, hate mat onermiddlechem Courage a Mënschlechkeet ville Jonge gehollef d’Grenz an d’Frankräich oder d’Belsch ze iwwerwannen, trotz dem Risiko vu Folter, Prisong oder dem Doud. Ënnert anerem hunn si och fir déi Alliéiert spionéiert an bei den Nazien fortgelaafen Gefangener, wéi z.B. erofgeschossen Fligerpiloten, verstoppt.

Si goufen duerch Verrot festgeholl, koumen an d’Hänn vun der Gestapo an zum Schluss an d’KZ Natzweiler-Struthof, dat net wäit vu Stroossbuerg am Elsass läit. Méi wéi 52.000 Mënschen aus méi wéi 30 Natioune goufen do festgehalen, iwwer 20.000 hunn net iwwerlieft.. Den 19. Mee 1944 goufen déi 7 Lëtzebuerger do erschoss — een Akt vu Barbarei géint déi, déi d’Mënschlechkeet héich gehalen hunn, wou d’Onmënschlechkeet regéiert huet.

Haut, iwwer 80 Joer méi spéit, gouf zu Déifferdeng un si erënnert.„Mir stinn haut hei a fräier, demokratescher Zäit — well si deemools fir d’Fräiheet agestane sinn. Et ass eis Aufgab, net nëmmen un hir Affer ze denken, mee och un all déi aner, déi am Zweete Weltkrich géint d’Naziherrschaft gekämpft hunn, an domat d‘Fundament vun eiser haiteger Demokratie geluecht hunn,“ huet de Riedner betount.

Zum Schluss vun der Zeremonie goufen, als Symbol géint d’Vergiessen, d‘Nimm vun deenen Naziaffer genannt. Nieft de 7 Lëtzebuerger gouf och un 3 Fransousen an en appatriten Däitschen erënnert déi mat de Lëtzebuerger Jongen erschoss gi sënn . Et ass och un déi 88 aner Lëtzebuerger erënnert gin, déi am KZ Natzweiler-Struthof an a sengen Niewelager ëm d'Liewe koumen. Eng Gedenkminutt huet d’Verbonnenheet mat deenen Affer markéiert.

D‘Néierleeë vu Blummen, d’Sonnerie aux morts an „Ons Heemecht“ hunn der Zeremonie e wierdegen Ofschloss ginn, éier d’Gemeng op den Éierewäin an „d’Aalt Stadhaus“ invitéiert huet.

„Mir dierfen si net vergiessen. Si hu fir eis Fräiheet gekämpft. Hiert Affer ass e Beispill fir eis all.“