Gedenkrees an d’KZ Natzweiler-Struthof
Den 13. an 14. September huet d’Amicale Natzweiler-Struthof Lëtzebuerg nees eng Gedenkreess an d’Vogesen organiséiert, op d’Plaz vum fréiere Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof. Dëst KZ, dat eenzegt um franséische Buedem, zitt all Joer ronn 200.000 Visiteuren un. D’Nazien haten um Mont Louise rosa Granit fonnt, deen se fir dem Hitler säi mega Bauprojet „Germania“ zu Berlin ofbaue wollten. Am Mee 1941 ass dofir e Lager erriicht ginn, wou Krichsgefaangener ënner onmënschlechen Konditioune hu misse schaffen. Aus dësem Aarbechtslager ass no an no e Vernichtungslager ginn: 52.000 Deportéiert hunn do an an de Niewelageren d’Hell op der Äerd erlieft, méi wéi 20.000 hunn net iwwerlieft.
Ënnert deene Gefaangenen ware 418 Lëtzebuerger, vun deenen der 88 net méi zréckkoumen. D’Amicale geet all Joer op dës Plaz zeréck, fir hirer ze gedenken.
Zesumme mam lëtzebuergesche Botschafter zu Paräis, dem Här Marc Ungeheuer, huet d’Amicale an der „Kiselkaul“ Blummen néiergeluecht, fir u siwen Lëtzebuerger Jongen ze erënneren, déi den 19. Mee 1944 vun den Nazien do erschoss goufen. Och Vertrieder vun der LPL, der LPPD an der ALMGI hunn sech der Zeremonie ugeschloss.
Weiderhi goufen och Blummen virun der Lëtzebuerger Gedenkplack an der Aeschekaul néiergeluecht. Duerno huet den Här Neveu, ee vun de Responsabelen um Site, déi wichtegst Hannergrënn an Erklärungen zum Lager ginn.
Dës Reesen droen dozou bäi, datt d’Erënnerung u Verbrieche vum Nationalsozialismus erhalen an nei Generatioune sensibiliséiert ginn. Et bleift ze hoffen, datt och an Zukunft genuch Leit mat der Amicale Natzweiler-Struthof déi léierräich an emotional Reesen an d’KZ Struthof maachen, fir den Affer gerecht ze ginn.