Den 21 März haat d’Wëntger Musik d’Chance ee Concert zu Léck an der Philharmonie ze spillen. Invitéiert heizou goufe mer van der Direktioun selwer. Äis Freed wor grouss och emol an enger Philharmonie opzetreden. Während dräi Méint ha mer een neie Programm astudéiert. Thema wor Krich a Fridden.
Während enger Prouf heiheem kruute mer Besuch van der belscher Telévisioun. Si koumen äis Préparatioun filmen, fir déi dann doheem an enger Sendung ze présentéieren.
Den 21 März koum dunn den Daag wou et op Léck sollt goen.
Öm 12 Auer se mer mam Bus gestart. Kaum akommen sollt et ärest gin. Et stung nämlich eng Prouf om Programm. Mer sollten äis bessen an d’Akoustik gewinnen. No äis wor et an der Musik vu Malmedy, déi och desen Daag matgemaat han. Hir Prouf stung elo aan.
Öm véier Auer gung et du lass.
Ennert dem Applaus van honnerten Zuschauer ha mer äis dunn bessen opgereegt op d’Bühn gewoht. D’Opreegung hat sich dunn awer séier gelaat, an sou ha mer äisem Chef no een super Concert gespillt. Nom leste Musikstéck kruute mer nach een staarken an lang aanhaalenden Applaus.
Nodems dann d’Musik vu Malmedy hire Concert présentéiert haten, ha mer mat hinnen zesaamen nach 2 Stecker ennert der Direktioun vum Här Christian Arming, Chef van de Philharmoniker gespillt.
Desen flotten Daag gouf owes em zwanzig Auer afgeschloss mam Symphonieorchester va Léck an deem äise Chef, den Här Sébastien Lemaire als Trompettist tätig ass. Om Programm stung déi 9. Symphonie vam Beethoven.
Wéi no desem Concert äise Chef äis na eng Kéier fir deen senger Meenung no super Optrett Merci gesoot hat se mer houfrig a stolz em 11 Auer heem gefahren.
S.T.