DE SERVICE CLUB FIFTY-ONE MOSELLE HËLLEFT DER FONDATIOUN KRIIBSKRANK KANNER

Kierzlech hat de Mill Reuter als President vum 51 Musel déi grouss Freed, der ASBL Fondatioun Kriibskrank Kanner e Chèque iwwer 5051 € können ze iwwerreechen. Dës Sue koumen zum Deel zesummen aus dem Verkaf vum Crémant Cuvée 51 Moselle. D’Vertrieder vun der ASBL, d’Madame Denise Weimerskirch an den Här Claude Meiers, hu Merci gesot am Numm vun alle betraffene Famillien. Si hunn drop higewisen, dass d’Elteren, d’Geschwëster an d’Kand selwer Hëllef op villen Niveauen brauchen, fir einegermoossen mat der Situatioun kënnen ëmzegoen. Neierdéngs engagéiert d’Fondatioun séch och an der Hëllef fir d’Kriibsfuerschung bei Kanner.