Fifty-One Club Moselle: Don vu 6051 € dir d'Asbl Spina Bifida

Bei Geleeënheet vum Riesling Open 2014 hat de Fifty-One Club Moselle op e gudde Maufel mat engem Patt Miseler an d'Caves Pundel-Err zu Wormer agelueden. De Service à la Communauté vum Club hat deecidéiert, den Erléiss vun dëser Manifestatioun der Asbl Spina Bifida zoukommen ze loossen. Bei enger klenger Feier de 25.05.2015 konnt de President vum Fifty-One Musel, de Francis Hemmen, den Dammen Liz Hoffmann a Julie Keller vu Spina Bifida, e Chèque matt dem stolze Betrag vun 6051 € iwwerreechen. D'Vertriederinnen vun der Asbl hunn uschléissend iwwer déi sëllege Probleemer geschwat, mat deenen d'Famillen vun de betraffene Kanner confrontéiert sinn, a wéi d'Spend agesat gëtt, fir hinnen e bëssen ze hëllefen.