Lënster: D'Gemeng éiert den F.C. Jeunesse Jonglënster

Eng erfollegräich Saison huet den FCJJ hannert sech: D'Dammenéquipe huet d'Coupe de Luxembourg gewonnen; déi éischt Senioreséquipe vun den Hären ass Champion vum 2. Bezierk vun der 2. Divisioun ginn a si ass an d'éischt Divisioun gestiegen a si huet déi éischt "Coupe FLF" gewonnen. Alles an allem kann ee soen, datt et dat erfollegräichst Jar an der Geschicht vum Veräi war. Duerfir hat d'Gemeng d'Spillerinnen an d'Spiller mat hiren Trainere Serge Bix an Alvaro Vaz Portal an och de Comité op eng kleng Feier agelueden. D'Buergermeeschtësch Francine Colling-Kahn an de Schäffe Romain Reitz hunn d'Equipe fir hir formaidabel Leeschtunge felicitéiert a si hunn den Trainere Blummen an de Spillerinnen a Spiller eng Fläsch Crémant als Zeeche vun hirer Unerkennung iwwerrécht. De President Claude Kremer huet der Gemeng en décke Merci gesot fir dee flotten Empfank a fir alles, wat si am Laf vum Jar fir den FCJJ mécht. (dd)