Micky Mais Gemeng Bech hunn den Kannerwanderwee a Stand gesat

D'Micky Mais aus der Gemeng Bech waren rezent ennerwee, vir den Kannerwanderwee rem a Stand ze setzen. Hei goufen enner anerem bei all Statioune di helzen Panneauen mat den Poteauxen ersat an di entspriechend Weeweiser an Plexiglasscheiwen mat den Erklärungen rem ubruecht (hei mussen der nach e puer ersat ginn, di leider Affer vun Vandalismus gi waren). 2 Panneauxen hunn missen nei gesat ginn. Bei den Deierenspueren goufen di helzen Ofdeckplaquen ersat. Vir d'Bamstämm um Becher Wee, di emmer rem emgehait goufen, kommen elo dann och Verankerungen an den Buedem., vir dat ze verhenneren. Op der Becher Gare gouf d'Richspill raus geholl, well dat net mei zaitgemeiss war. Hei kennt vlait an Zukunft nach eng aner Statioun hin. Wat nach fehlt sinn nei Autocollants vir d'Kannerechter, nei Deierenfiguren am Besch vum Wäschbuer op der Schanz bis op Hemstel, frëschen Sand um Déierenwaitsprong op der Hemsteler Gare, nei Saachen vir an Taschtspill op der Becher Gare. Och gouf eisem laangjähregen Comitésmember Yeng Petry beim neien Wasserturm op der Schanz nach en Baam mat enger entspriechender Errennerungsplaquette gesat. All di Arbeschten ginn Bénévol vun den Memberen aus dem Comité gemaach).