Flotten Dag um Bauerenhaff mat Besuch beim Bauer Guy

Zesummen mat sengem Brudder Christian hat de Bauer Guy Wester mat senger symphatischer Fra, Victoria fir Sonndes, den 19.Juni op den Dag vum Aussiedlerhaff bei Alzeng agelueden. Zweck vun desem Event war, de villen Besucher a Prominenzleit ze weisen, wéi d'Liewensmëttel am Alldag um Haff produzéiert gin. Niewt de ville Stänn déi all mat dem Bauer ze din haaten, war d'Geleeënheet och do fir mol en Ablëck an d'Ställ mat de Béischten bis op den Asaatz vum Mëllechroboter ze gin. Och d'Fro an d'Aentwertspill mam Guy a Victoria huet bei ville Leit grouss Opmierksam fond. E flotten Dag fir di ganz Famill, wou och fir Iessen, Gedrënks a Schmaaschgeleeënheeten eppes do war, huet bis den spéiden Owend en onvergiesslichen a würdigen Ofschloss fond-. (CR ) (Fotoen: Charel Reiser)