Albinusfeier 2018

Schonn ëmmer gouf zu Fëschbech den Hellegen Albinus, de Schutzpatréiner vun de Houfdéieren, veréiert a gefeiert. Dës Traditioun war e bësschen a Vergiessenheet geroden a gouf an de leschte Joren nees nei belieft a moderniséiert. Nieft dem Bauer sengem Véi gëtt haut och säin Aarbechtsgeschir geseent. Och dëst Joer waren nieft de villen Trakteren, Pompjeeën nees derbäi an och 2 Päerd. Och de frësch renovéierten Gemengentraktor an déi nei Camionnette si matgefuer. No der Mass zu Angelsbierg, déi de Mierscher Dechen Felix Steichen gehalen huet ass de Cortège geseent ginn a mir sinn all an d'Angsberstuff op den Apero gefuer. Mir freeën eis schonns all op d'Editioun 2019!