D'Gewënner vum Concours "Village fleuri 2023" an der Gemeng Fréiseng

Den 10.11.2023 goufen d'Gewënner vum Concours "Village fleuri 2023" an der Gemeng Fréiseng geéiert. Dräi onofhängeg Juroren hun aus all Duerf déi Familljen bestëmmt, déi hir Haiser am schéinsten mat Blummen a Sträich dekoréiert haten, an esou dozou bäigedroen hunn, di dräi Dierfer ze verschéineren.Si kruten, nieft engem Diplom, och en Akafsbong, gestëft vun der Gemeng Fréiseng. D’Organisatioun loung wéi all Joer an den Hänn vum Gaart & Heem Uespelt a.s.b.l. Den Owend gouf a geselleger Ronn beim Patt vun der Gemeng ofgeschloss.

Gewënner vum Joer 2023 sinn :

Aspelt: 1. Madame Liliane Raus, 2. Madame Marie-Josée Feltes, 3. Madame Gerdi Wilhelmy, 4. Famille Cortolezzis-Bohler, 5. Här Josy Franck a 6. Madame Marie-Josée Clement.

Fréiseng: 1. Famille Dumont-Michel, 2. Famille Bück-Thoma, 3. Famille Wagener-Aulner, 4. Famille Besim Bilic, 5. Här Gusty Mousel a 6. Madame Christine Wirtgen.

Helleng: 1. Famille Beaumont-Kauffmann, 2. Famille Kauffmann-Schlesser, 3. Famille Hourscht-Wengler, 4. Madame Di Felice-Spanier, 5. Famille Hansen-Kiessel a 6. Madame Marianna Fuentes.


Foto F. Wagener