De Gaart & Heem Uespelt mécht de Joresréckbléck

Viru Kuerzem war d’Generalversammlung vum Gaart an Heem Uespelt asbl.

De President Aloyse SCHILTZ konnt gutt 60 Membere begréissen an hinne Merci soen, dat si sou zuelräich komm sinn. Hien huet e puer nei Grondiddien erkläert, déi sollen eng Neiausriichtung vum Veräin beleeën.

Uschléissend huet Sekretärin Malou Aulner den detailléierten Aktivitéitsbericht vum leschte Joer virgestallt, wou virun allem déi vill Cours’en, sief dat Bitzen, Strécken, Blummenarrangementer, Uebst- a Geméislagerung, mee awer och den Ausfluch op Stuttgart a Mannheim vu 4 Deeg, d’Visite vu Gemeinschaftsgäert, de Concours Village Fleuri, an natierlech dee schéine Stand um Chrëschtmaart zu Uespelt besonnesch ervir ze hiewe waren.

Liliane Raus konnt am Uschloss vun enger ganz gesonder Finanzsituatioun berichten.

D’Keeserevisoren Maisy Modaff a Lucien Settinger hun eng exemplaresch Buchféierung attestéiert a bleiwen an hirer Charge. Och di dräi neutral Juroren vum Concours Village Fleuri, Carlo Peters, Francis Gonderingen a Malou Gangolf féieren hir Aarbecht virun.

De Bäitrag fir 2024 bleift bei 10€, mee et gouf ugeschwat dass dee Präis wuel an Zukunft wäert missen no uewen revidéiert ginn, op Grond vun der Finanzsituatioun vun der Ligue Gaart an Heem, déi alles wéi gutt ass.

Beim Ausbléck op d’Aktivitéiten fir dëst Joer ass ënner anerem ee Kraider-Workshop geplangt, eng Medaileniwwerreechung, mee och weiderhin vill Formatiounen fir d’ Memberen.

De President huet ugeschwat, dass e Reglement an Ausaarbechtung ass fir de Concours Village Fleuri an eng nei Richtung ze féieren. Wuel gëtt di generell Ästhetik nach bewäert vun de Blummen an Planzen, mee et soll zousätzlech bewäert ginn, wat de Notze vun deene Planzen ass fir eis Beien, wéi och all aner Bestëbser an Déiercher, déi sech vu Blummen a Pollen ernieren.

Zum Schluss goufen nach bei engem klenge Maufel , engem gudde Patt, an enger flotter Tombola d’Fotoe gekuckt vun de Aktivitéiten vum Joer 2023.

Am Comité gouf et leider eng Demissioun aus gesondheetleche Grënn, sou dass elo zwou Plazen opstinn. Och waart d’Sekretärin nach op eng Ofléisung.

De Virstand besteet fir 2024 aus:

Schiltz Aloyse, President, Nols Luc, Vizepresident, Aulner Malou, Sekretär, Raus Liliane, Keesjee, an de Bäisetzenden:Barthelmé Bob, Ries Cecile, Beaumont Tun, Fabeck Claude a Braun Carlo.

De Buergermeeschter Roger Beissel huet zum Schluss dem Veräin Merci gesot fir hir Aarbecht an hinne weiderhin alles Guddes gewënscht.