Gaart & Heem Uespelt : Scheckiwwerreechung

Schonns säit dräi Joer organiséiert de Gaart & Heem Uespelt de Wanter iwwer Strëckcoursen. D’Aschreiwungsfraise vun 50€ ginn integral gespent fir ee gudden Zweck, wëll d’Monitricen Malou Dhur-Spini, souwéi seng Nofollgerin Pascale Wallenborn-Genson sech bereet erkläert hunn, hir Aarbecht gratis ze maachen.

Nom éischte Cours konnt esou d‘Fondatioun ‘Kriibskrank Kanner‘ ënnerstëtzt ginn. Den zweete Cours hat 17 Participante, an esou konnten 850€ zesumme kommen fir Kolping Lëtzebuerg. Dës Suen ginn integral benotzt fir an enger Schoul am Kongo Sécherheetskits ze kafen an ze installéieren, sou dass d’Kanner kënnen, laut den Normen, an d’Schoul goen.

Kolping Lëtzebuerg, bekannt och fir hir grouss Kleedersammlung, si ganz aktiv am Kongo, wou si nieft enger Schräinerei och ee Bauerenhaff, oder ee Bitzatelier fir Fraen bedreiwen. Donieft këmmere se sech an zwou Uertschaften och ëm d’Waasser a sanéieren Leitungen a si bidden Patenschaften un fir Schoulkanner. Hei hëlleft de Don dann souwuel Schouluniformen, wéi och déi néideg Schoulbicher ze kafen.

Bei all dësen Ënnerstëtzungen leit Kolping Lëtzebuerg ëmmer um Häerz, di lokal Leit ze léieren hir Ateliere’en sëlwer ze verwalten.

Eng gutt Initiative vun eisen Strëckerinnen an hire Monitricen.

Dir sidd all wëllkomm bei dëser Saach mat ze maachen.