25. Anniversaire vun Art et Création, Munneref

De Konschtveräin Art et Création vu Munneref hat kierzlech déi grouss Freed hiren 25. Anniversaire ze feieren. Gegrënnt goufen sie op Innitiatif vum Lucien Straus den 3. Mai 1996.am Restaurant Kohn zu Altwies.

Festivitéiten hun ugefangen mat engem Salon am Bierger a Kulturhaus zu Munnerëf.

De Buergermeeschter Steve Reckel konnt dem Lucien Meyer de Prix de la Commune de Mondorf-les-Bains iwerreechen an de Prix du Public gung un Christine Raguet.

zesummen mat hiren Eieregáscht dem Minister Lex Delles, dem Steve Reckel an dem Claude Schommer hun d'Memberen vun Art et Création e puer gemittlech Stonnen verbruecht.