27. Generalversammlung vun Art et Création

Déi 27. Generalversammlung vum Kënschtlerveråin Art et Création vu Munneref gouf an hirem Atelier zu Elleng ofgehalen.

Presidentinn Liliane Hein war frou de Buergermeeschter Steve Reckel an 6 Gemengeconseillee'en ze begréissen.

Si huet Wichtegkeet vun de Molnometteger ervirgehuewen. d' Memberen treffen sech regelmãsseg all Mettwochs fir ze molen an de Verain organniséiert am Laaf vum Joer Workshops mat renomméierten Kënschtler.

De Rapport d'activités ass vun der Sekretārinn Christine Raguet gemach ginn. Si huet den Datum vum Salon 2023 bekannt ginn an zwar ass daat vum 12.10. bis den 21.10.2023

Janine Bintner konnt vun enger gudder Keess erzielen . Déi zwou Keesserevisorinnen Viviane Haag a Viviane Dicken sinn bereet fir 2023 nach eng Kéier d'Keess ze kontrolléieren.

Zum Schluss ass Nadia Schmitz fir 20 Joer bei Art et Création geéiert ginn .Si huet e schéine Bouquet kritt a mat engem gudde Patt an engem Plateau Kéis ass d' Versammlung ob en Enn gaangen.