Art et Création, Munneref molt fir e gudden Zweck

An hirem Atelier zu Elleng, sinn Kënschtler vun Art et Création zesummekomm fir hir traditionnell Scheckiwerrechung. Schon 20 Joer ginn all Joer vun September bis Dezember Chrëschtkarten a kleng Biller gemolt fir se dann zu Munneref um Chreschtmaart ze verkafen.

Dësst Joer konnt Presidentin Liliane Hein d' Vertrieder vun SOS Détresse, Gérard Bichler an de Marcel Hagendoom vun der Associatioun Kanner Wonsch begréissen.

D'Eieregäscht hunn hir interessant Projet'en virgestallt a kruten dann hir Schecken vu je 1500€ iwerreecht.

Mat der Gewëssheet, dat hir Don'en a gudden Hänn sinn ass déi kleng Feierstonn op en Ënn gaangen.