Fairtrade-Wochen zu Munneref


Während de nationalen Fairtrade-Woche vum 1. bis de 15. Mee goufen verschidden Sensibiliséierungsaktiounen an der Munnerfer Gemeng organiséiert. De Fairtrade- AG huet Banannen un Kanner an Elteren verdeelt an en "Coffee to go" gouf den Erwuessenen vun der Maison Relais offréiert.

Zum Ofschloss krut den techneschen Déngscht ee klenge Fairtrade-Früstück ugebueden, fir gestäerkt an den Dag ze starten.

Owes war d'Virféihrung vum Film "The True Cost" am Kino Waasserhaus wou et ëm de Moudekonsum, d'Ausbeutung an d'Verschmotzung an den Länner wou "fast fashion" produzéiert gëtt.

Den optimisteschen Beitrag vun Moudemacherinnen, Aktivistinnen und Entrepreneuren huet am Film net gefeelt an weist wéi d'Kritik um System vun der "fast fashion" zu neie Modeller an der Fair-Trade-Produktioun féiere kann.

Noom Film gouf nach e faire Patt offréiert.