Upcycling an fairen Handel

Aus „Aal“ gëtt „Nei“. Wou muncher Offall gesinn, entstinn Chancen fir anerer.

De Munnerefer Fairtrade AG huet den 12. Juli um Schoulfest vun der Grondschoul, dat ënner dem Thema Nohaltegkeet stung, en Atelier organiséiert wou et ëm den Upcycling gangen ass.

Upcycling ass eng Form vum Recycling, di zu enger Opwertung féiert an doduerch d'Produzéieren vu neien Materialien reduzéiert.

Während dem Atelier konnten sech d'Schoulkanner fair gehandelt Géigestänn ukucken an si hunn probéiert eraus ze fannen wéi eng gebrauchten Materialien wéi Metall, Aluminium, Pabeier, Stoff, Fëschernetz, Velo's-Ketten, asw. vum Produzent aus Afrika, Südamerika oder Asien benotzt goufen.

D'Schossel aus Telefon's-Droht war definitiv dat komplizéiersten Beispill wou souguer deen een oder aneren Erwuessenen Krämpes haat, d'Léisung ze fannen.