Generalversammlung vun Art et Création, Munneref

Déi 26. Generalversammlung vun Art et Création, Munneref gouf an hirem Atelier zu Elleng ofgehaalen. Presidentin Liliane Hein war frou all 15 Memberen, de Buergermeschter Steve Reckel mat e puer Gemengeconsseilleen ze begréissen.

Mat vill Gleck a Covidrestriktiounen konnten déi wichtechst Aktivitéiten 2021 ofgehaale ginn.

De 25. Salon Art et Création am Bierger a Kulturhaus zu Munneref, de 25. Anniversaire vum Veräin an De Chreschtmaart zu Munneref wou si hir selwergemolten Chrëschtkaarten fir e gulden Zweck verkaaf hun.

2 Schecke vun am ganzen 3000 Euros sinn un d'Associatiounen KannerWonsch an SOS Détresse gespend ginn, Duerno sinn

7 Kënschtlerinnen fir hir 10 -15-an 20 Joer Memberschaft geéiert ginn an zwar Amélie Lang, Jeanny Wilgé, Viviane Haag, Maggy Schlesser, Anny Schmit , Nadia Schmitz an Tilly Wengler.

Sekretärinn Christine Raguet huet Memberen invitéiert um 26. Salon deelzehuelen vum, 13. bis den 22.10 .2022 an ob Kirmesausstellung vun der Amicale Elleng, den 4.11. bis den 6. 11. 2022 .

Dem Janine Bintner säi Keessebericht ass ugeholl ginn.

A senger Ried huet de Buergermeschter betount, dat Gemeng Munneref frou ass, sou e gudd fonktionnéierten Konschtveräin ze hunn.

Mat engem traditionnellen Kéissiessen ass déi flott Generalversammlung eriwergaangen.