Partnerstadt Bad Homburg

Kirzlech hat déi Munnerefer Gemeng, zesummen mat de Chorales réunies AEM, d'Eier de Gesangveräin vu Bad Homburg ze empfänken. De Schäfferot huet de léiwe Besuch begréisst. Et stoung eng Visite vum Bierger- a Kulturhaus um Programm. Am Nomëtteg wor e ganz flotten Austausch mat de Gesangveräiner. Bei Gesang an engem gudde Patt as den Dag leider ze séier zu Enn gang.