Bartrenger "Beiennascht" am P3A zu Bartreng

Et as schon eng Traditioun, datt d'Kanner aus dem Beiennascht, mat hiren Léierinnen a Schoulmeeschteren kurz virun Krëschtdag d'Awunner aus dem Flegeheem vu Bartreng mat scheinen Advents- a Kreschtlidder beglecken.

Si haten vill Lidder astudéiert an konnten déi eeler Bewunner mat hiren härzlechen Stemmen verzaubert.

E riesegen Applaus vun den Awunner aus dem P3A war d'Zeechen dat eis Kanner erem eng Kéier, kurz virun Krëschtdag dat Richtegt geleescht haten. No hirem groussartegen Concert an no enger klenger Stärkung hun si sech erëm zu Fouss zereck an hir Schoul gemach, an se waren frouh, dat se hiren eelern an/oder kranken Matbierger eng rieseg Fréd gemacht haten.