D‘CSV Bartreng huet Quetschekraut verkaf

Wéi et schonn eng laang Traditioun ass, huet d‘CSV Bartreng viru kuerzem hausgemaache Quetschekraut a Quetschentaarten verkaf. Si konnt op eng ganz Rei Stammclienten zielen, déi munchmol esouguer vun Nopeschdierfer kommen, fir sech e puer Glieser Quetschekraut anzeleeën. Mam Erléis gëtt een humanitäre Projet ënnerstëtzt. Dëst Joer gouf de Projet „Engagement“ vun der Caritas am Kader vun der Covidkris gewielt.