Duerch Gedenken de Glanz vum Fridden opblénke loossen

Bartreng: Op der Journée de commémoration nationale (19. Oktober) hat déi kathoulesch Porgemeinschaft sech virum Monument aux morts versammelt, fir den Affer vum 2. Weltkrich ze gedenken. Den Här Paschtouer Tristan Häcker huet e Gebiet virgedroen, dat inspiréiert war vun engem Text vun der Pastorin Sylvia Bukowski. Esou huet hien d‘Leed, dat an der Zäit vum Krich Lëtzebuerg esou haart getraff hat, an Erënnerung geruff. Duerno huet hien d‘Monument geseent an de Bléck geriicht op déi Jonk vu Bartreng, déi Affer vum Krich gi waren. Hien huet „dat gebrachent Gléck, déi zerstéiert Zukunft an Hoffnung“ vun esou ville Mënschen thematiséiert. Ugeschwat gouf och eis Zäit mat der Verstréckung an dat Béist a Schlecht, eis „Welt ouni Fridden“, eis eegen Hëlleflosegkeet, mä och eis Sehnsucht no Fridden a Gerechtegkeet. Nodeem mat der gudder Ënnerstëtzung vun der Chorale Ste Cécile d‘Heemecht gesonge gi war, gouf an der Kierch d‘Mass gefeiert an dat Verlaangeren no Fridden a gleewegem Vertraue viru Gott gedroen an d‘Solidaritéit mat all deene Mënschen uechtert d‘Welt, déi haut ënner Krich a Gewalt ze leiden hunn, ausgedréckt. Do ass dann och dat ugeklongen, wat de Schweizer Dichter Kurt Marti mol eng Kéier esou formuléiert hat: „In der Realität des Unfriedens hält der Traum vom Frieden mit der Hoffnung den Willen wach, heute und hier im Umkreis der persönlichen Verantwortlichkeit Vergebung, Versöhnung einzuüben“ (Ich habe einen Traum. Visionen von einer menschlicheren Welt. Hg. v. M. Kraus, 1978, S. 35).

Text: Guy Weirich

Foto: Carlo Lux