Lidder a Gedichter vum Jemp Rollinger fir e gudden Zweck

Viru kuerzem huet de Jemp Rollinger, fréiere Schoulmeeschter, der ONG „Kindernothilfe Luxembourg“, vertratt duerch den Direkter Patrick Reinert, den Erléis aus dem Verkaf vu sengen neiste Bicher iwwerreecht. Déi Bicher maachen e groussen Deel vum Liewenswierk vum Dichter, Sänger, Dirigent, Komponist a Veräinsmënsch Jemp Rollinger engem gréissere Public zougänglech.

Am éischte Buch, „Menger Lidder“ fënnt ee verschidden Zorte vu Lidder: allgemeng weltlech Lidder, Wäin- a Musellidder, Kannerlidder a reliéis Lidder. Déi meescht Texter sinn op Lëtzebuergesch, e puer op Däitsch oder Franséisch verfaasst. Den Text vum „Europa-Lidd“ ass an eisen dräi Landessprooche geschriwwen. D‘Liddtexter sange vun Aarbecht a Fräizäit, vu Fester a Freed, vun der Natur, vu Mamm a Frëndschaft. Grousse Succès hat den Theatermënsch Rollinger mat de Lidder vu sengem Stéck „De Remembrement“ a vu senger Operett „De Grof vu Wormer“. Dacks huet de Jemp Rollinger Texter op fäerdeg Melodië geschriwwen, esou wéi hien dat beim Musekstherapeut Franz Holler (1915-1995) geléiert hat. Dacks stoung awer och de Luc Rollinger sengem Papp fir de musikaleschen Deel zur Säit an huet komponéiert an arrangéiert.

Am zweete Buch mam Titel „Dezember“ fënnt een nieft Lidder och Gedichter. Si kreesen ëm de Kleeschen, den Advent, Chrëschtdag, de Wanter an Neijooschdag a brénge villes, mol humorvoll, mol eescht – je no Situatioun – vun där besonnescher Joreszäit op de Punkt. An hinne spigelt sech d‘Freed, mat där de Jemp Rollinger a seng Fra Netty Schons d‘Niklosfeier an d‘Metten zesumme mat de Schoulkanner virbereet hunn. An de Kanner huet dat och Spaass gemaach, si hunn hir Spréchelcher opgesot an d‘Lidder mam Orff-Instrumentarium, Flütt a Melodica begleet.

D‘Bicher kritt een an der Librairie Bicherbësch zu Gréiwemacher; et kann een se och beim Auteur bestellen: per Mail (jeroscho@pt.lu )

- Menger Lidder, 280 S., 30€ (+7€ Porto)

- Dezember Lidder a Gedichter, 60 S., 25€ (+5€ Porto)

All Lidd gouf e QR-Code derbäi gesat, esou datt een net nëmmen den Text an d‘Noute viru sech huet, mä och nach d‘Lidder lauschteren an eventuell matsange kann.