D‘Journée de commémoration nationale: Erënnerung, Éierung an Opdrag!
D‘kathoulesch Communautéit vu Bartreng huet sech och dëst Joer erëm un d‘Affer vum Zweete Weltkrich erënnert a virum lokale Monument aux morts déi an der Friemd gefale Jonge geéiert. Den Här Paschtouer Tristan Häcker huet eng kuerz Usprooch gehalen an e Friddensgebiet virgedroen, an deem et, adresséiert un den Hellege Geescht, heescht: „Maach d´Aen op vun all deenen, déi Ënnerscheeder als Bedrohung ugesinn a weis hinnen d´Schéinheet vun der mënschlecher Solidaritéit.“ Duerno gouf d‘Monument geseent. Zesumme mat der Chorale Ste Cécile gouf d‘Hémecht gesongen. An der Mass duerno gouf gebiet „fir déi Mënschen, déi fir eis Heemecht, fir Fräiheet a Gerechtegkeet gelidden hunn a gestuerwe sinn“ an et gouf un déi geduecht, „déi haut wéinst hirer Nationalitéit, hirer Relioun oder hirer Hautfaarf verfollegt, gefoltert oder ëmbruecht ginn“. Gutt gepasst huet, datt d‘Por Bartreng-Stroossen um selwechten Dag hire Patréiner, den hl. Johannes XXIII. gefeiert huet. Dëse Poopst hat 1963 eng Enzyklika verfaasst mam Titel „Pacem in terris“. Si ass als Friddensenzyklika an d‘Geschicht agaangen a gëtt bis haut wäertgeschat wéinst dem Bekenntnis vun der kathoulescher Kierch zou de Mënscherechter. An enger Zäit, an där op ville Plazen an der Welt Politik mat Ligen a Feindbiller bedriwwe gëtt a Krich erëm als Mëttel vun der Politik agesat gëtt, wier et gutt, wann dem Poopst seng Wierder an der Enzyklika net op daf Ouere stousse géifen: „All de Mënsche vu guddem Wëlle gëtt hei eng Aufgab gestallt: Ënnert dem Leetstär vun der Wourecht, der Gerechtegkeet, der Léift an der Fräiheet nei Weeër ze fannen, fir d’Bezéiungen tëschent de Mënschen ze gestalten." De Poopst huet dobäi deen Eenzelen am Bléck, mä och d‘Familljen, gesellschaftlech a politesch Gruppéierungen, déi eenzel Staaten, a, jo, och d‘Gemeinschaft vun alle Mënschen an der Welt.