D'Bartrenger Musek éiert verdéngschtvoll Memberen

Op hirer Cäciliefeier konnt d'Bartrenger Musek dëst Joer och erëm eng Rei Memberen éieren. Den Emile Krier huet als Vertrieder vun der UGDA déi folgend Medaillen iwwerreecht: den Insigne fir 5 Joer un de Mher MKRTCHYAN, d'Médaille de mérite en bronze (10 Joer) un d'Christina LÜDDE, d'Gwenndaelle DARO an de Guy WEIRICH, d'Médaille de mérite en argent (20 Joer) un d'Romaine CAAS-GOEDERS an un de Carlo LUX. Ënner groussem Applaus sinn duerno de Jean KUFFER an den Nicolas WELTER fir jeeweils 70 Joer am Déngscht vun der Musek zu Lëtzebuerg geéiert ginn. D'Bartrenger Musek huet et sech net huele gelooss, fir dëse Memberen e Cadeau ze iwwerreechen an och hire PartnerInnen e Merci auszedrécken.

Text: Guy Weirich, President vun der Bartrenger Musek