De Kleeschen am Fleegeheem zu Bartreng

Och dëst Joer as de Kleeschen op Invitatioun vun der Amicale vum Fleegeheem P3A, vun Bartreng , bei d'Pensionären komm an huet hinnen all en Boxemännchen iwerrecht.

Als Merci gouf hien mat schéinen Niklos Lidder, déi d'Fleegepersonal mat den Bewunner ageübt haten belount. De Kleeschen huet versprach dat nächst Joer och ze kommen, wann se bis dohin all brav waren...