Den Hämmelsmarsch – eng staark Traditioun

Déi restriktiv Reegele vun der Coronazäit erlaben net vill kulturell Evenementer vun Amateuren. Dat trëfft Museksgesellschafte ganz hefteg. E Concert ass net méiglech, Prouwe mat 4 Musikante loossen net grad grouss Begeeschterung opkommen. Trotzdeem hunn d‘Bartrenger Musek an hire Jugendensembel „Hunneband“, mat vill Engagement an Enthusiasmus, d‘Traditioun vum Hämmelsmarsch bäibehalen a Kiermesstëmmung am Duerf verbreet. Déi traditionell Tier vum Hämmelsmarsch goufen op den Duerfkär begrenzt an déi virgeschriwwe sanitär Oploe agehalen. Vill Leit ware frou, datt d‘Melodië vum „Hämmelsmarsch“ a vun „t‘ass Kiirmes am Duerf“ an dëser traureger Zäit ze héiere waren. Si hunn dat mat Donen zum Ausdrock bruecht, obwuel net un hiren Hausdiere geschellt ginn ass. D‘Bartrenger Musek seet duerfir villmools Merci. Wien intresséiert ass, kann nach fir eng Weil den Hämmelsmarsch op www.bartrengermusek.lu lauschteren.