Wann d‘Musek fir Freed suergt...

Fir hiren éischte gemeinsame Concert huet sech d‘Bartrenger Hunneband zesumme mat hiren erwuessene Kolleege vun der Bartrenger Musek eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Fir all Generatiounen eng grouss Freed ze maachen, hu si souwuel um Site vum Parc du 3e âge ewéi och op der Duerfwiss am Zentrum vu Bartreng e flotte Concert gespillt.

Bei schéinstem Wieder konnte si ënnert der Leedung vum Claude Origer mat bekannte Melodië begeeschteren. De Publikum huet hinne mat vill Applaus an zefriddene Gesiichter Merci gesot. Jidderee freet sech elo schonns op den Da Capo.


Foto: Myriam Recken

Text: Nadine Philippe