Feierlechen Ofschloss vun der Bartrenger Kiermes

Vum 04.11-13.11 wor déi traditionell Bartrenger Kiermes. Flott Spiller, Schneekegkeeten an aner kulinaresch Spezialitéiten op der grousser Plaz am Duerfzentrum hu Grouss a Kleng zu Bartreng op d'Kiermes gelackelt.


Zwee Weekender laang ass d'Bartrenger Musek duerch d'Gaasse gezunn an huet munch Tuschen, „Hämmelsmärsch“ a „Kiermesse“ gespillt an domat d'Ae vun de Leit, an dësen dach schwieregen Zäiten, zum Liichte bruet an esou fir Freed gesuergt.


Den Ofschloss vun dësem Event ass sonndes, den 13. November, op Invitatioun vun der Bartrenger Gemeng, op der Kiermesplaz bei enger gudder Kiermesham an engem Patt gefeiert ginn. Fir de musikaleschen Deel huet d‘Bartrenger Musek gesuergt.


Text a Foto: Nadine Philippe