Konveniat "Aal Baschelter"

Konveniat "Al Baschelter"

Mer, Baschelter, hunn äis e Saamschdig, den 18. Mee ënnert dem Numm “Ale Baschelter“ um 11 Auer am Schoulhaff zu Baschelt getraff. Duerno hott d'Gemeng den Éirewäin an der aler Schoul offréiert. Et gouf och un déi Leckt geduecht, déi gären derbäi geweescht wieren, eewer aus gesondheetleche Grënn nik komme konnten. No der traditioneller Gruppefoto op der Kierchentrap hu mer zesummen an der “Bauschelter Stuff“ zu Mëttig geess, wou nach bis an de spéiden Nomëttig Erënnerungen ausgetosch gi sënn. Mer ware 40 Baschelter, déi sich um Saamschdig an hirer aler Heemecht erëmfonnt hunn, a mer hoffen äis an zwee Joer am Baschelter Schoulhaff erëm ze gesinn!

Di Baschelter.