Konveniat All Baschelter 40 +

Konveniat "Baschelter 40+" Mer Baschelter hunn eis um Samschdeg, den 29. Abrëll fir 3te Kéier zu Baschelt ënnert dem Numm "Baschelter 40+" getraff. Ageluede woren all Leit déi schons iwwert 40 Joer zu Baschelt wunnen an déi bis viru 40 Joer do (oder spéider zu Bauschelt) an d‘ Schoul gaang sinn. Déi Baschelter Schoul ass nämlech am Joer 1961 zou gemaach ginn, duerno sinn d'Kanner op Bauschelt an d'Schoul gaang. Um 11 Auer huet d'Gemeng den Éirewäin an der Baschelter aler Schoul offréiert. Duerno si mer zesummen an de Restaurant "Bauschelter Stuff" iesse gaang, wou nach bis an de spéiden Nomëtteg Erënnerungen ausgetosch gi sinn. Et gouf och un déi Leit geduecht, déi gären derbäi gewiecht wieren awer aus gesondheetleche Grënn net komme konnten. Mer wore 41 Baschelter, déi sech um Samschdeg an hirer aler Heemecht erëmfonnt hunn. Déi Baschelter