Konveniat vun de „Garde Grand-ducale“ 1965-1966

Konveniat vun de „Garde Grand-ducale“ 1965-1966

Et sinn elo 50 Joer, datt den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaf ginn ass.

Fir eis un deen Dag ze erënneren, huet den Antoine Colling eis op de Rassemblement vun

der Garde op Klierf agelueden.

D’ Treffen huet mat engem Crémant op der Terrass vum Rhino ugefaang. Den Här Koener Erny huet eis duerch de Boutique & Design Hotel „LE CLERVAUX“ gefouert an eis dee
ganze Ressort Komplex erkläert. No enger kuerzer Besichtegung vum Spillsaachemusée
wor ee gemeinsamt Mëttegiessen am Restaurant Rhino, wou mir eis al Erënnerungen austausche konnten.

Am Nomëtteg stoung eng Visite mat Féierung vun der Fotoausstellung „The Family of Man“
vum Edward Steichen am Schlass um Programm, duerno hu mir nach e puer Stonnen
zesummen op der Terrass vun der Cabana Lounge-Bar verbruecht.

Am spéiden Owend hu mir eis op den Heemwee gemaach, fir eis an zwee Joer erëm ze gesinn.