D'Freed vum Fest mat aneren deelen

D’Freed vum Fest mat aneren deelen

Kommiounskanner aus der Par Parc Our St Nicolas ënnerstëtzen „AMU for Kids“


Enn Abrëll an Ufanks Mee hunn 42 Kanner aus der Par Parc Our St Nicolas hier Éischtkommioun gefeiert. An dësem Zesummenhang hunn si op een Deel vu Cadeaue verzicht fir Kanner, deenen et méi schlecht geet, wéi hinnen, eng Freed ze maachen. Am Kader vun der Familljemass op Päischtdag, zu Baastenduerf an der Familljekierch, hunn d'Kommiounskanner een Deel vun de Spenden un d'ONGD« Action pour un Monde Uni asbl» iwwerreecht. D’Mme Marianne Metz-Harpes huet am Numm vun de Kanner aus Bolivien an aus dem Uganda villmools Merci fir de generéisen Don vun 2910 € gesot. Si huet erkläert wéi dës Suen agesat ginn, fir de Kanner an dëse Länner eng gutt Ausbildung ze erméiglechen an d’Famillen fir eng gesond Ernierung a medezinesch Betreiung ze sensibiliséieren. Méi Informatioun fannt dir op www.amu.lu.