Ee flotten Nomëtteg um Bauerenhaff fir Flüchtlingsfamilljen aus der Ukrain


Viru Kurzem hunn een Deel vun de Kommiounskanner aus der Par Parc Our St Nicolas an hir Familljen ee flotten Nomëtteg mat Flüchtlingen aus der Ukrain, déi am Foyer zu Huelmes ënnerbruecht sinn, an der Houschter-Déckt um Kaes Haff, verbruecht. Mat engem Bus sinn d’Famillje vun Huelmes an d’Houschter-Déckt bruecht ginn.
Bei der Féierung iwwert den Haff hunn d’Aen vun de Kanner geliicht. Vill Freed haten si och beim Faarwegmole vun holze Päiperleken, déi si herno mat heem konnten huelen. D’Flüchtlingskanner, déi an d’Schoul ginn, hunn alleguer ee Schoulsak mat Schoulmaterial geschenkt kritt . Och déi méi kleng Kanner sinn net mat eidelen Hänn heemgaangen, si kruten ee Rucksak mat Faarwen. Gutt gestäerkt mat Glace a Kuch hunn d’Flüchtlingsfamilljen sech am spéiden Nomëtteg erëm op de Wee zréck op Huelmes gemaach. Dës Aktivitéit war an Zesummenhang mam Don vun der 1.Kommioun 2022. D’Kommiounskanner haten op een Deel vun de Kaddoe verzicht, fir aneren eng Freed ze maachen. Dat war bei dëser Begéinung sécher gelongen.