De Pater Emile Gales feiert säin 100. Gebuertsdag

Viru kuerzem woar d'Famill vum iweraus rüstegen Pater Emile Gales zesummekomm fir säin 100. Gebuertsdag ze feieren. Ënner de Gratulanten woaren niewent de Matbridder vum Jesuitenuerden, d'Famill a Frënn, de Buergermeeschter Ben Homan an de Schäfferot vun der Gemeng Schengen. Gléckwënsch, verbonne mat weiderhin enger gudder Gesondheet vun der Poar Bech-Kleinmacher koume vum H. Paschtouer Daniel Graul a vum Kiercherot.
Ee vun den Héichpunkte vun der Feier woar eng detailléiert a gutt recherchéiert "Power-Point" Presentatioun iwer d'Liewen vum Pater Emile Gales, deen 42 Joer an Indien gewierkt huet, zesummegestallt vum Carlo Gales.