Brictiusfeier zu Hemstel


Samschdes, den 13.11.2021 hunn déi Hemsteler Leit sech op d’Kiermes virbereet an hire Kierchepatroun gefeiert. D’Patréinesch vun de Sängerinnen a Sänger, d’Helleg Cäecilia, gouf och geéiert. D’Chorale Ste Cécile Hemstel zesumme mat hire Frënn vu Biwer, hunn eng feierlech Mass, an der och Plaz war fir Volleksgesang, gesongen.

No der Priedegt zum Kierchepatroun a senger Bedeitung an der haiteger Zäit, verbonne mat engem häerzleche Merci fir vill a gutt geleeschten Aarbecht huet den Abbé Carlo Morbach Medaile vum Piusverband un déi verdéngschtvoll Sängerinnen a Sänger iwwerreecht. Et goufen fir vill Joren am Déngscht vun der chrëschtlecher Gemeinschaft ausgezeechent:

Libby Kramer 7 Joer, Axel Hempel 16 Joer, Tom Osborne 30 Joer, Martine Hau 34 Joer, Carlo Frisch 38 Joer, Josiane Mirkes 40 Joer, Tessy Hau, 48 Joer, Marie-Reine Crelo 48 Joer, Francis Crelo 50 Joer, Denise Berens 51 Joer a Jeannot Hau 59 Joer.

D’Sängerinnen an d’Sänger haten duerno e puer gemittlech Stonnen am Restaurant Steinmetz bäi engem gudde Maufel an engem gudde Patt. (jm)