Telefonseelsorge: Mir lauschten no!

De Grupp vun der Telefonseelsorge vun der kathoulescher Kierch huet sech rezent um Belair bäi de Franziskanerschwëstere getraff. D'Telefonseelsorge ass e wichtege Service während der Coronapandemie gi fir déi Mënschen, déi e Rot sichen, déi alleng sinn oder déi einfach mat engem schwetze wëllen. Et gouf e Réckbléck iwwer den Engagement an d'Aarbecht gemaach an d'Weiche fir d'Zukunft si gestallt ginn. D'Telefonseelsorge bleiwt wichteg. Si ass ab dem 1. Oktober all Dag vu 15.00 bis 17.00 Auer ënner der Nummer 288087 erreechbar. Ausserhalb vun dëse Stonnen ass e Répondeur disponibel, wou d'Leit e Message hannerloosse kënnen, wa se wëllen zréckgeruff ginn.

Josiane Mirkes