D'Chorales Sainte-Cécile Hemstal a Biwer ënnerstëtzen Île aux Clowns

Freides, de 14. Juli haten d’Gesangveräiner vun Hemstel a Biwer zum Ofschloss vum Proufjoer hier Summerparty zu Hemstel am Veräinssall. D’Sängerinnen an d’Sänger hu gegrillt mat hiere Familljen. Si hunn dem Libby Kramer mat senger Famill Äddi a villmools Merci gesot fir seng vill Déngschter. D’Famill Kramer geet zréck an d’Heemechtsland vum Libby Kramer. Vun 2014 un war d’Libby Kramer Sängerin, Pianistin a Solistin an der Hemsteler Chorale. D’Choralen, d’Frënn an d’Pastoralteam hu Kaddoen iwerreecht. Bäi der selwechter Geleeënheet hu si och e Chèque vun 1000 Euro, en Deel vun der Quête vum Concert op Christi Himmelfahrt mam Annemie Osborne a mam Hendrik Vanattenhoven un d’Madame Sylvie Philipp vun der Associatioun Île aux Clowns iwwerreecht. D’Chorale Hemstel huet d’Freed vun hierem 125. Gebuertsdag gedeelt mat de Kranken an de Leit, déi op de Besuch vun de Clowne vun Île aux Clowns waarden (jm).