D'Bech-Berbuerger Musek in Concert, de 16.12.2017 ZU Bech an der Kierch

Samsdes, de 16. Dezember 2017 huet d'Bech-Berbuerger Musek op hiren alljäerlechen Wanterconcert invitéiert.

Den Ufank hu wéi gewinnt d’Pink Notes, de Jugendorchester vun der BBM, gemaach. An der gemittlecher Atmosphär vun der Becher Kierch hunn si Stécker wéi „Juvenile Overture“, „Let me weep“ oder „Siyahamba“ zum beschte ginn. Ënnert der Leedung vum Patrick Yves Hengen waren déi jonk Musikanten voll motivéiert an hu ganz musikalesch hiert Zesummespill gewisen.

Dat éischt Stéck vun der BBM, déi feierlech Rees mam „Glacier Express“ gouf nach vum Patrick Hengen dirigéiert, ier hien offiziell den Dirigentestaf u säin Nofolger, den Daniel Heuschen iwwerreecht huet. D’Musikante ware gefuerdert mat wonnerschéinen, awer usprochsvolle Melodien a Stécker wéi „God’s Country“, „The Eight Candle“ oder „Forrest Gump“. Natierlech duerften awer och Chrëschtlidder wéi „A Christmas Festival“ net feelen. Fangerspëtzegefill war am Stéck „Gabriel’s Oboe“ gefrot, wou de jonken talentéierten Jean Fusshoeller musikalesch mam Hautbois iwwerzeegt an d’Publikum bal zum Schmelze bruecht huet.

Uschléissend gouf den Owend „Hanner Bra“ mam begeeschterte Publikum bäi engem gudde Patt ofklénge gelooss.