Bech-Berbuerger Musek op Concertsrees um Bodensee

D’Bech-Berbuerger Musek op Concertsrees um Bodensee

No enger flotter Rees viru 4 Joer op Knokke, hat de Comité vun der Bech-Berbuerger Musek sech dëst Joer nees eppes Neies virgeholl. De 15. Juli 2017 ass d’ganz Musek fir 5 Deeg op Lindau um Bodensee gefuer fir hei e puer flott Momenter ze verbréngen a gutt Concert’en ze spillen.

No enger lëschteger Busrees mat 2 Busse vun der Firma Unsen war deen éischten Owend an der nei renovéierter Jugendherberg haaptsächlech geduecht fir ze relaxen an d’Ëmgéigend op der Insel Lindau kennen ze léieren. Ma spéit duerft et net ginn, well deen nächste Moien si mir scho fréi op d’Insel Mainau gestart. „D’Blummeninsel“ oder och nach „Madeira an Däitschland“ wéi eise Chef se ëmmer nennt. An deenen Nimm gëtt si absolutt gerecht. Eng ganz kleng Insel, mä et fillt een sech wéi am Paradäis. Eng immens faarweg Landschaft duerch dee schéine Séi mat all Zorte vu Schëffer an dausende Blummen a Planzen. Ma dat geet nach net duer; fantastesch Beem, abenteuerlech Spillplaze fir déi Kleng, e klenge Bauerenhaff, e Päiperléksgaart an natierlech e flott Schlass, faarweg ëmspillt vun de wonnerbare Blummen a fir d’Ofkillung op deene waarme Summerdeeg natierlech gemittleche Béiergäert mat perfekter Vue. Op sou enger inspiréierender Insel konnt d’Musek sech nëmme wuel fillen a sou huet och eise Concert bäi der Rothaus Seeterrasse säin Uklang fonnt. D’Besicher vun der Blummeninsel hu fir hiren Applaus natierlech och déi néideg Zougabe kritt.

Nom Concert goung et dunn nees zréck op d’Insel Lindau wou mir beim Gasthaus Stift häerzlech empfaang a gutt bekacht goufen. Hei war dann och de Moment, wou den Dirigent, Patrick Yves Hengen, fir déi 11 Joer déi hien Dirigent bäi der Bech-Berbuerger Musek war, geéiert gouf. Enn 2016 hat hien ugekënnegt, dass hien no der Summersaison ophale géif. D’Jugendvertrieder Ketty Clemens, Lisi Clemens, Jean Fusshoeller a Corinne Wagener hunn him e Lidd op d’Melodie vun „Let it go“ aus dem Musical Frozen ëmgedicht. „D’Zäit ass komm“ huet d’ganz Musek him am Béiergaart méimools gesong. Och d’Presidentin Viviane Bohnenberger hat e léift Gedicht geschriwwen, dat dem Patrick seng Zäit bäi der BBM treffend beschriwwen huet. En emotionalen awer flotten Owend mat ville lëschtegen Anekdoten, vill Freed an e puer Tréinen goung op en Enn.

Och den drëtten Dag hate mir vill vir. Nach emol hu mir eis mat de sympathesche Chauffeuren Sam a Serge op de Wee gemaach, dës Kéier Richtung Konstanz. An där wonnerschéiner klenger Stad konnten d’Musikanten an hir Famillen vir d’éischt d’Stad an d’Emgéigend besichen, ier mir am spéiden Nomëtteg e Concert op der Konzertmuschel mat „Seeblick“ gespillt hunn. D’Sonn huet gedréckt, d’Méiwen hu gezwitschert, d’Schëffer hu getut an d’BBM huet geäntwert, ehh... gespillt. „Ein Klang für die Götter“. Den Applaus huet net op sech waarde gelooss an als Zougab gouf et des Kéier souguer d’Sprangprëssessioun, wouvun de Chef natierlech näischt wousst a spontan mat den Nolauschterer matgesprongen ass. Den Owend hu mir mat vill Gesang, gudder Stëmmung an enger leckerer Pizza am Restaurant Steg4 ausklénge gelooss, ier et mam Bus nees zréck an d’Jugendherberg goung.

Dee leschten Dag konnt du jidderee verbréngen, wéi e wollt. Do war fir jiddereen eppes derbäi: D’Visite vum Zeppelinmuseum, en Tour duerch Meersburg oder iwwer d’Insel Lindau, en Ausfluch mam Schëff oder Tretboot, mam Pfänder op den Affenberg oder relaxen am Strandbad. A soumatt sinn e puer flotter Deeg dee leschten Owend gemittlech an der Jugendherberg op en Enn gaang. D’Musikanten, d’Elteren an d’Begleeder vu Musikanten hunn nach dem Dirigent, dem Comité, de Buschaufferen an den Haaptresponsabelen vun der Concertsrees Merci gesot fir déi super Organisatioun an duerfir kruten si vun der ganzer Trupp nach ee Bravissimo gesong.

Eng weider genial Rees déi op en Enn gaang ass, mä déi eis all super flott Erënnerungen léist an eis all als Musek immens zesumme schweesst!