Schülerauditioun mat Diplomiwwerreechung zu Bech

Den 3. Dezember huet d'Bech-Berbuerger Musek an Zesummenaarbecht mat der UGDA Museksschoul eng Schülerauditioun mat uschléissender Diplomiwwerreechung organiséiert. Den Ufank vun der desjäreger Auditioun hunn d'Percussiounsschüler mat vill rhythmesche Kaméidi gemaach. D'Brigitte Bley-Gust huet duerno d'Publikum begréisst, dorënner och de Buergermeeschter aus der Gemeng Bech Camille Kohn, d'éischt Schäffe aus der Gemeng Manternach Alix Klein-Ungeheuer an den Direkter vun der UGDA Museksschoul Paul Scholer. Duerno hunn d'Schüler an hiren Instrumenteklassen je zwee Stécker zesumme gespillt, ier et zum Schluss zu enger Finall koum, wou all d'Schüler, och d'Solfègeschüler, zesummen d'Lidd "Musik sein" vum Wincent Weiss gesong hunn. Uschléissend kruten eng 50 Schüler hir Diplomer iwwerreecht. No der Diplomiwwerreechung koum de Kleeschen bäi d'Kanner aus der Gemeng Bech a bäi Kaffi a Kuch goung e musikaleschen Nomëtteg op en Enn.