De briteschen Ambassadeur John Marshall huet d´ HALIFAX Gedenkplaz besicht.

De briteschen Ambassadeur John Marshall an de Captain Justin Fowler op der HALIFAX Gedenkplaz am Marscherwald.


Kuerz ir hien Lëtzebuerg verléisst a virun sengen Retour op London huet de briteschen Ambassadeur John Marshall drop gehalen d´HALIFAX Plaz am Marscherwald nach eng Kéier ze besichen. Hien ass begleet ginn vum Captain Justin Fowler vu Bréissel.

Begréisst ginn sinn Si vum Camille Kohn, Buergermeeschter vun der Gemeng Bech, dem Propriétaire vun der Bëschparzelle Lucien François an dem Initiateur vun der Gedenkplaz Fred Schaaf.


Si hunn hei, an dësem schéinen Deel vum Marscherwald d´Geschicht an Entstoen vun der Gedenkplaz erkläert krit an sech ganz interesséiert gewisen a Merci gesot dat d´Undenken an d´Erënnerung un dëst tragesch Ongléck am zweete Weltkrich erhale bleift. Den Ambassadeur John Marshall ass frou dat d´Undenken heirun nach ëmmer ganz grouss a bei der Awunnerschaft déif verwuerzelt ass.


Den Ambassadeur an de Captain hunn hire Besuch awer och benotzt fir der Crew vum Halifax ze gedenken. Den 27/28. August 1943 hunn 3 Mann vun der Halifax Crew dëse Crash net iwwerlieft an 4 aner Memberen konnte mat Hëllef vun der Resistenz a Lëtzebuerger Patrioten gehollef kréien.


De Patrick Mischel huet duerno d´ Fligerdeeler vum Halifax di hien hei am Bësch gesammelt huet gewisen an erkläert.


De Buergermeeschter Camille Kohn huet drop gehalen dem Ambassadeur Merci ze soen fir séi groussen Interêt un dëser Plaz am Marscherwald an huet him all Guddes op sengem weideren diplomatesche Wee gewënscht.


Fotoen si vum Noah Kihn