Nei Parking " HALIFAX " Schëld

Nei Schëld um " HALIFAX " Parking


An engem groussen Reportage am LW vum Volker Bingenheimer iwwer d´Halifax Gedenkplaz am Marscherwald si vill Leit op des Gedenkplaz opmierksam gemaach ginn. Vill Leit hu sech du gefrot an ëmfrot: Wou fannen ech dann des Gedenkplaz a wou kann ech méin Auto parken.


Mir woussten dat hei e Schëld gefeehlt huet an dofir huet de Fierschter a seng Leit sech gläich druginn an hunn elo en opfälleg Schëld do opgestallt, wou de Pad bei d´Halifax Gedenkplaz ufänkt. D´ Schëld ass ganz gutt vun der Strooss Grolënster a Richtung Rippeger-Kopp aus ze gesinn. Merci villmools dem Fierschter aus dem Marscherwald a senger Equipe.