Visitt op der Halifax Gedenkplaz vun der neier britescher Ambassadrice.

Visitt op der Halifax Gedenkplaz vun der neier britescher Ambassadrice.


Um extrem waarmen Densdeg dem 19. Juli 2022, an der grousser Hetzt bei eis an der Regioun, hat ech di grouss Eeër, op Invitatioun vun der Becher Gemeng, di Britesch Ambassadrice Fleur THOMAS op d´ Halifax Gedenkplaz am Marscherwald ze begleeden.

De Buergermeeschter vun der Gemeng Bech, Camille Kohn hat mech gebieden bei dëser Geleeënheet d´ Geschicht vun dëser Erënnerungsplaz detailléiert ze erklären. Ech hunn dat och mat grousser Freed gemach.

Virun 10 Jar, den 24. März 2012, war ech fir d´ éischt hei am Marscherwald, a Begleedung vu Leit aus den Nopeschdierfer, an hunn no der Plaz gesiicht, wou an der Nuecht vum 27. op den 28. August 1943 den RAF Halifax Bomber, op sengem Fluch op Nürnberg (DE), vun engem däitschen „ Nachtjäger “ am däitsch/franséischen Grenzgebitt beschoss, an hei am Marscherwald erofgefall ass. 2 Crew Memberen an der Pilot hunn den Ugrëff net iwwerlieft. Di 4 aner Crew Memberen hunn d´Gléck gehat aus dem brennenden Bomber erauszesprangen, op 4 verschidde Platzen sinn si vun der Lëtzebuerger Resistenz fonnt a verstoppt ginn. Di Däitsch an di zuelräich Kollaborateuren an den Dierfer hunn si net entdeckt, 3 sinn erëm heem bei hir Unitéiten komm, de 4 war méi onglécklech POW.

70 Jar waren bis 2012 vergaangen, ouni Erënnerung a Gedenken un dat wat an der Nuecht vum 27./28. August 1943 iwwer Lëtzebuerg an duerno am Marscherwald beim Crash vum Halifax Bomber passéiert war. Eng laang Zäit, déi op meng Initiativ en Enn fonnt huet. Hei ass eng Gedenkplaz geschaafe ginn, vill Aktiounen an Aktivitéiten waren wärend 10 Jar vun 2012 bis 2022 néideg fir Halifax-Plaz esou ze gestalten wéi se haut ass. Meng vill Recherchen sinn elo Basis fir sech weider un dat ze erënneren wat hei wärend dem II. Weltkrich geschitt war, an op d´Resistenz an op Familljen di gehollef hunn, an Dankbarkeet hinzeweisen.


Mir duerfen ni vergiessen wiem mer ons Fräiheet verdanken, des Plaz ass geduecht fir doropper hinzeweisen an dat mer net vergiesse sollen ons weider ze erënneren.


Et war mer dofir eng besonnesch Eeër, der neier britescher Ambassadrice Fleur Thomas an den Invitéen vun der Becher Gemeng, d´ Oflaf Etappen vum Entstoen vun der vill besichter Halifax Gedenkplaz, hei am Marscherwald, an der schéiner Natur, ze erklären. Ech war frou dat hunn dierfen, am Optrag vun der Becher Gemeng ze maachen. E grousse Merci un Madamm Ambassadrice fir hire Besuch, et war ons eng grouss Eeër si hei dierfen ze empfänken.

Merci Här Buergermeeschter fir d´Invitatioun an der Becher Gemeng fir di gutt Organisatioun op dësem Dag. Och weider wäert ech mech em des Plaz këmmeren, vun 2012 un an och weider, an Ofsprooch mam Proprietär a mam Fierschter, Hand an Hand.

Nächst Jar, den 27. oder 28 August 2023 wëlle mer ons un den 80 Jaresdag, bei enger bescheidener Gedenkfeier op dëser Plaz erënneren, wie hei am Marscherwald den RAF Halifax Bomber wärend der Nuecht explodéiert ass. Dir sidd elo schonns all häerzlechst agelueden fir derbäi ze sinn.


Fotoen: Commune de Bech