Biekerech: Bei gudder Gesondheet an mat 95 Joer nach gut drop a fit ze sin, duefir konnt de Jos Kauten vu Biekerch och houffrig sin, fir desen Gebuertsdag och nach Doheem können ze feieren. De Jos Kauten ass als drëtteelsten Jong vun ning Kanner den 22. Juni 1928 zu Heinstert (B) op d‘Welt komm. Seng Elteren, déi zesummen e Bauerebtrieb gefuert hun, waren den Auguste Kauten an d‘Marie Poekes. No der Hochzäit, den 30. August 1960 mam Marie- Josée Traufler vu Biekerech hun sie sech och zesummen mat hiren zwee Meedercher an hirem Jong hirt d’Liewen zu Biekerech verbruecht. Als passionéierten Handwierksmann huet de Jos Kauten vun 1963 bis 2022 seng Garage zu Biekerech mat vill Léiwt gefuert wou hien och ganz vill trei Clienten zur vollsten Zefriddenheet bedingt huet. Dobéi war de Jubilar och nach langjährigne Keessier vum Kiircherôt. Och a sengen héichen Alter ass dem Gebuerstagskand seng Leidenschaft, Bastelen an dat mat vill Erfindergeescht. Mat enger schéiner Coupe Blummen an enger Köscht petits- fours waren di zwéi Schëffen Claude Loutsch an Laurent Klein bei de Jos Kauten virstellig, fir him am Numm vun der ganzer Gemeng Biekerech haerzlich ze gratuléiren a weiderhin nach vill schéin Momenter bei gudder Gesondheet zesummen mat senger Fra Marie- Josée derbéi ze wënschen. Duerno ass d’Glas zesummen mat der Famill erhuewe gin an op den 95. Gebuertsdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)