Befort: Feier an engem Haus, just materielle Schued

Befort: Géint 15.30 Auer gouf et ee Brand an engem Haus. Kengem Mënsch ass eppes geschitt. D'Feier hat sech op ee Raum begrenzt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Befort ; Reisdorf ; Waldbëlleg ; Consdorf an d'Ambulanz aus der Fiels.