Chris de Burgh zum Ofschloss

Den iresche Sänger a Komponist Chris de Burgh huet de Schlusspunkt vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle" gesat, déi am grousse Ganzen ee Succès woren. Nieft dem Chris de Burgh sinn dëst Joër folgend bekannt Musiker a Gruppen zu Befort opgetrueden: Lata Gouveia, "Manfred Mann's Earth Band", "J. Lees' Barclay James Harvest", "Doro", "Wishbone Ash", "Ten Years After", "Kansas", "Hella Donna", "Revolverheld", "Klaus Doldinger's Passport", "Khalifé-Schumacher-Tristano", James Blunt", "My Fair Lady"-Musical, "Patti Smith and her Band", "Slowhand" (Eric Clapton Tribute Show), "Daniel Balthasar & Band" an d'Amy MacDonald.

Lidder aus dem neien Album "The Hands of Man" stungen um Programm grad esou wéi seng weltwäit bekannte Hits ewéi "The Lady in Red", "Don’t Pay the Ferryman" an "High on Emotion". Och dëst Kéier huet d'Spill vun de Faarwe um Beforter Schlass fir Faszinatioun ënnert de Zuschauer gesuergt.

Et gehéiere vill Acteure, déi zum Succès vu sou engem Programm bäidroen, an hinnen op dëser Plaz ee grousse Merci gesot. Ouni déi sëllech Fräiwëlleger kann och déi professionellst Ekipp näischt maachen. Et ass onméiglech jiddereen eenzel opzezielen mais eng Persoun muss een ervirhiewen: Georges Rischette, dee mat vill Begeeschterung an Asaz zesumme mat "Kultopolis" a "Showproduction" dofir gesuergt huet, datt Befort, déi ganz Regioun an och Lëtzebuerg an der internationaler Musikszeen een Numm kritt huet. Och d'Künstler, déi vum Site méi wéi iwwerrascht woren, wäerte Reklamm fir eis Ländche maachen.

Weider Fotoe vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle" (de komplette Programm) ginn ët ënner www.jopix.eu